Skip to content

Bénévolat

De Le Reveil Bettembourg organiséiert all Joer verschidde Competitiounen, Aktivitéiten an Eventer an ass lafend ob der Sich no  motivéierte Benevollen, déi Freed drun hunn eng Hand mat unzepaken.
  •          Du bass oppen, extrovertéiert a kommunikativ a schaffs gären an der Equipe ?  -> Mir sichen dech!
  •          Du bass introvertéiert a schaffs gewëssenhaft un enger spezifescher Aufgab déi dir uvertraut gouf?  -> Mir sichen dech!
  •          Du sichs punktuell soziale Kontakt a wëlls an enger flotter Equipe matschaffen? -> Mir sichen dech!
  •          Du hues e speziellt Talent a sichs eng Plaz fir dech domat anzebréngen? -> Mir sichen dech!

Ob aktiven Turner, deen sech méi am Veräi well abréngen, fréiere Member, Elterendeel, Famill a 
Frënn, Awunner vun der Gemeng oder Interessent um Turnsport:

Gëff och du Deel vun der grousser LRB Famill.

Mëll dech hei un fir bei eisem nächsten Event ze hëllefen:
https://benevolat.lereveil.lu/

Et gi vill verschidde Méiglechkeeten sech anzebréngen: vum Kuch baken, Gedrénks an Iessen verkafen, iwwer d’Op- an Ofriichte vu Material a Geräter bis hin zum Dekoréieren an vun de Raimlechkeeten. All dës Tâchen si wichteg an erméiglechen et eis als Veräin Competitiounen an Eventer fir eis Memberen an Turner ze organiséieren. Virkenntnisser brauch een dofir keng – wichteg ass just d’Freed an d‘Bereetschaft, zesummen als Team eppes op d’Been ze stellen.

Wat mir bidden?

  • E Veräin mat klore Strukturen
  • Eng gutt Ambiance an der Equipe
  • Fir all Fäegkeet déi passend Tâche
  • Raum zur Weiderentwécklung an Entdeckung vun ënnerschiddlechen Aufgaben am Veräin
  • Benevolatmanager fir dir eng gelongen Integratioun ze garantéieren an duerno weider en oppent Ouer fir dech huet

Kontaktpersounen 

Catering

Logistik

Benevolatmanager

Sheila Clesse

Dan Putz

Nadine Kremer

Kalenner Saison 2025/2026

Reserveier dir elo schon d’Datumer fir déi ganz Saison an dengem Kalenner:

15-16 November 2025 : Reka Challenge

13-14 Dezember 2025 : Christmas Gym Cup

31 Januar – 1 Februar 2026 : Gala

14-15 Mäerz 2026 : Individuel B/C Espoir a Senior

6-7 Juni 2026 : Individuel Minis a Championnats nationaux AK

Komm eis ënnerstetzen, d’Umeldung geet iwwer dëse Link : https://benevolat.lereveil.lu/